Schauspiller a KomikerJoe Flaherty ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Schauspiller a Komiker wier no kuerzer Krankheet gestuerwen, huet seng Duechter géigeniwwer dem Magazin "Variety" erkläert.

Den Joe Flaherty war haaptsächlech bekannt duerch seng Rollen an de Filmer a Serien “Happy Gilmore”, “Police Academy” (Serie), “Maniac Mansion” a “Freaks and Geeks” (däitsch: Voll daneben, voll im Leben) .

Eng ganz Partie Leit, wéi ënnert anerem de Martin Short an den Adam Sandler, mat deenen de Flaherty geschafft huet, hunn an de soziale Medien hiert Matleed ausgedréckt.

Back to Top
CIM LOGO