
Nieft der Ausstellung vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Tina Gillen, presentéiert d‘Escher Konschthal den Ament och zwee sougenannte Project Rooms. Mat “La forêt de Juma” vum Julia Cottin an “Rien ne vas plus. Les jeux sont faits.” vum Hsia-Fei Chang kann de Visiteur hei zwee kënschtleresch Universumen entdecken, déi méi ënnerschiddlech net kéinte sinn.
“Forêt de Juma”, sou nennt sech de Projet vun der franséischer Kënschtlerin Julia Cottin. Mat dësem Projet huet si hire Raum an der Konschthal an ee Bësch aus ganz verschiddene massiven Holz-Sailen verwandelt. Déi Haaptinspiratiounsquell fir dëse Projet, war déi grouss Moschee vu Kairouan.
De Groussdeel vun de Bamstämm, déi d‘Kënschtlerin verschafft huet, kënnt aus hirer Heemecht der Bourgogne. Hire Projet huet awer och ee staarke Bezuch zu Esch.
Aus dem Bësch geet et dann an d‘Welt vum Glécksspill. Mat hirem Projet “Rien ne vas plus. Les jeux sont faits.” hëlt déi taiwanesch Kënschtlerin Hsia-Fei Chang de Visiteur mat an dee Paräisser Casino, an deem si selwer zwee Joer laang als Croupière geschafft hat.
Eng Performance, mat där d‘Hsia-Fei Chang d‘Stellung vun der Fra an eiser westlecher Gesellschaft hannerfreet.
Nach bis de 15. Oktober, kann ee béid Projeten an der Konschthal entdecken.