Vum Jenny FischbachKennt Dir de Lionel Loueke?

RTL Lëtzebuerg
Den Jazzgitarrist Lionel Loueke kënnt ursprénglech aus Westafrika, lieft an den USA, ma wat déi mannste Leit wëssen, gréisstendeels och hei zu Lëtzebuerg.
© RTL Grafik

Den Herbie Hancock ass säi Mentor a méi wéi eng Kéier huet hie schonn am Wäissen Haus virum Barack Obama performt. De Sting, den Terrance Blanchard oder nach de Snoop Dog, dat sinn nëmmen e puer vun de weltbekannte Museker, mat deenen hien an de leschte Joren op der Bün stoung. De Lionel Loueke ass am Benin op d’Welt komm. Ugefaange huet seng Karriär als Museker mat enger Gittar vu knapp 50 Dollar. Vu Paräis bis hin zu Amerika stoungen him duerno fir seng Studien all Dieren op, wéi déi vum Berkley College oder nach vum Monk Insitute.

© Dave Stapleton

De weltbekannte Jazzmuseker a Pianist Herbie Hancock huet hie scho fréi kenne geléiert an deelt nach bis haut reegelméisseg d’Bün mat him. Mëttlerweil gehéiert de Lionel Loueke awer selwer zu engem vun de originellste a kreatiivsten Jazzmuseker op der Welt. Bekannt ass hien och fir seng Fusiounen aus verschiddene Musekskulturen, déi a senge Kompositiounen zesummefléissen.

Säin aktuellen Album “HH”, deen 2020 beim Label Edition Records erauskomm ass, retracéiert seng Passioun a seng Faszinatioun fir dem Herbie Hancock säi musikaleschen Universum. D’Coversongs,déi de Museker nei interpretéiert, sinn aus de Joren 1962 bis 1984. Et ass dohier e ganz perséinlechen an intimen Album, als Hommage u säi Mentor, deen hien iwwer Jore bei sengen Tournéeë begleet huet.

Back to Top
CIM LOGO