Lëtzebuerger SproochKënnt Dir se richteg schreiwen? Test den Test vum ZLS

RTL Lëtzebuerg
Den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie, kuerz ZLO, erméiglecht et, seng Kompetenzen an der Orthografie duerch en nationalen Test zertifiéieren ze loossen.
© ZLS

Dësen Zertifikat wäert wuel vun Enn 2023, Ufank 2024 un um Institut national des langues Luxembourg (INLL) kënnen ugebuede ginn, wéi den Helmuth Sperl matdeelt, dee fir den Test zoustänneg ass.

Éier dësen Test um INLL ugebuede gëtt, kann een den Test scho selwer probéieren.

Wéi schwéier ass den Test a wéi vill Punkte kritt Dir? Dir kënnt Iech hei direkt fir eng Seance am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zu Stroossen (163, Rue du Kiem) aschreiwen.

No dëser Testphas kann een den Test net méi probéieren, dowéinst zéckt net! Eng kleng Belounung erwaart Iech natierlech och.

Duerch Är Participatioun hëlleft Dir, den Test prett ze maachen. Et kritt een e Resultat, awer keen ZLO-Certificat, well ee jo nach an der Testphas vum ZLO ass. Dir test also hei den Test ënnert reelle Bedingungen, wat fir den ZLS an den INLL immens wichteg ass.

Den Übungstest gëtt am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen gemaach. En ass anonym an Dir kritt d’Resultat op Ärem Ecran ugewisen. Virum Test gëtt als Opwiermung e Lückentextdiktat op Pabeier gemaach. Insgesamt dauert alles an allem maximal 60 Minutten.

Dir hutt nach Froen? Da mellt Iech beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS): lod@lod.lu, Tel. 247-88600.

Back to Top
CIM LOGO