
Kënschtlech Intelligenz, en Thema, wat een oft am Alldag begéint. Ma wéi huet sech d’kënschtlech Intelligenz iwwert déi lescht Joren entwéckelt a kéinte mir iwwerhaapt nach ouni d’KI?
Mir hunn eis déi diploméiert Philosophin Nora Schleich, de Museker Pol Belardi an de Filmproduzent Christian Neuman un den Dësch geholl, fir mat hinnen iwwert hir Erfarungen, ma awer och hir Iwwerleeungen zu genau dësem Thema ze diskutéieren.