Zanter 2015 doen sech all Joers eng ganz Partie Kënschtler mam Lëtzebuerger Zenter fir systemesch Biomedezin zesummen an hëllefe mat hirer Konscht, d’Fuerschung fir neuro-degenerativ Krankheete virunzebréngen. Iwwer di lescht Jore konnte mat dësem Projet scho méi wéi 100.000 Euro fir de gudden Zweck gesammelt ginn.
Kënschtler eng Plattform bidden an iwwerdeems hëllefen ze heelen – dat ass de But vun Art2Cure. Ganzer 16 Artiste presentéieren am Kader vun der 8. Editioun hir Wierker an der Galerie vun der BIL a sammelen duerch de Verkaf vun hire Kreatioune Sue fir d’Parkinson-Fuerschung an d’Association Nationale desVictimes de la route“.