Konscht a fräier NaturKënschtler Rafael Springer organiséiert “Open Air Expo”

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Kënschtler Rafael Springer huet 2018 seng eege Pop-Up Galerie mam Numm “L’épicerie / arts&events / Rafael Springer&friends” lancéiert.
Kënschtler Rafael Springer organiséiert “Open Air Expo”
De Lëtzebuerger Kënschtler Rafael Springer huet 2018 seng eege Pop-Up Galerie mam Numm “L’épicerie / arts&events / Rafael Springer&friends” lancéiert.

Den Titel ass heibäi Programm.„Epicerie heescht, dass de vun allem do fënns vun all Niveau a Qualitéit“, erkläert de 60 Joer ale Kënschtler. „Et muss mir net alles gefalen, mä sou huet all Mënsch awer d’Geleeënheet, op enger flotter Plaz auszestellen.“

Säin neiste Konzept ass d‘„Open Air Expo“ déi hien am Gaart vu sengem Noper Léon Glodt organiséiert huet. E roude Fuedem gëtt et u sech net. Villméi soll et drëms goen, Stécker ze weisen, déi dacks ze grouss sinn, fir an enger traditioneller Galerie ausgestallt ze ginn oder net bei d’strikt Thematike passen. Eng Skulptur, déi engem direkt an d’Ae spréngt, ass dem Rafael Springer säi „Drive a Mile in my car“.

Niewent sengen eegene Stécker huet hien awer och e puer vu senge Kënschtlerkolleegen invitéiert, hir Stécker auszestellen. Sou fënnt een hei och Stécker vum Assy Jans, Laurent Turping, Menny Olinger a Chiara Dahlem. Vun hir gesäit een de schwaarze Bier, dee si 2018 schonn am Schwaarzen Haus ausgestallt hat. Deemools hätt de Bier nach sollen op de mentale Mëssbrauch vu Kanner opmierksam maachen. Am Kader vun dëser Ausstellung géif d’Konschtwierk awer och op d’Logementskris hei am Land kënnen hiweisen.

D‘„Open Air Expo“ kann een nach bis de 15. September op Koplescht kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO