
Déi 6 Australier vu Melbourne hunn an hire Salopette wéi psychedelesch Outback-Versioune vu Supertramp ausgesinn. Déi tropesch Temperaturen am Sall hunn dann och iwwer déi 2 Stonne vulkanänlech Niveauen erreecht. King Gizzard spillen ee ganz eegene Mix aus Genrë wéi (ënner anerem) Progressivem Rock, Garage, Blues, Jazz-Fusioun, Folk, Elektro, Pop a Metal. An trotzdeem klénge se ëmmer wéi King Gizzard a kënnen deen Eklektismus mat 3 Sänger an onvergiessleche Live-Performancë kanaliséieren.
Déi 14 Lidder viru Lëtzebuerger Public, déi och mol ouni Paus aneneegegraff hunn, komme vun 13 verschiddene Placken. 2 Songs ware vun der aktueller Plack “PetroDragonic Apocalypse; oder Dawn of Eternal Night: An Annihilation of Planet Earth and the Beginning of Merciless Damnation”, déi am Juni verëffentlecht gouf. Metalriffer waren am leschten Drëttel vum Gig de wëllkommene Héichpunkt vun engem gelongenen Abléck an dat aktuellt Wierk vum Stu Mackenzie a senge Kolleegen.

Op der Lëscht vu Lidder vum Mëttwoch den Owend zu Lëtzebuerg daucht kee Lidd op vum Concert vum Dag virdrun zu Köln. KGLW sinn esou ee Produktiounsbetrib, datt si sech aus engem elo scho gigantesche Repertoire vu 24 Albumen, 15 Live-Placken, 51 Singlen a 60 offizielle Videoen all Kéier déi Tracks kënnen eraussichen, déi hinnen deen Owend Spaass maachen.
Dat, wat där Band iwwer dat lescht Joerzéngt sou eng deels fanatesch Audienz erméiglecht huet, ass, datt all Plack een Evenement ass. Krass Stilwiessel, Spahetti-Western-Hörspiller (Eyes Like the Sky), apokalyptesch Endzäitepossen am Metalformat (Infest the Rats’ Nest), Placke mat 9 Songs, déi zu engem onendleche Loop zesummegemëscht sinn (Nonagon Infinity), Placke mat 4 Lidder, déi all 10 Minutten an 10 Sekonne laang sinn (Quarters!), Placken, déi eng direkt Suite vun engem anere KGWL-Album sinn (zum Beispill L.W.) ... 2019 huet d’Band et souguer fäerdeg bruecht, fir 5 Studioalbume bannent engem Joer erauszebréngen!
Méi Informatioune fir Interesséierter an zukünfteg akribesch Sammler vun der Faszinatioun King Gizzard & the Lizard Wizard kritt een op hirer Websäit Gizzverse.