Am Centre Culturel zu Bouneweg"Klassesch Musek ass net verstëbst, langweileg oder just fir al Leit"

RTL Lëtzebuerg
Dat soot d'Cathy Krier, eng vun den Organisatricen, déi 2022 de "Catch Music Festival" lancéiert hunn.
De Catch Music Festival zu Bouneweg
E Festival, dee weise soll, dass Klassesch Musek alles anescht ewéi verstëbst a langweileg ass.

Am Géigesaz zu traditionelle Festivalsformater gëtt et hei keng Hierarchie, weder an der Organisatioun nach op der Bün. Zil wier et nämlech, d’Lëtzebuerger Musek an de Vierdergrond ze stellen a gläichzäiteg méi etabléiert Museker mat Nowuesstalenter op enger Bün zesummenzebréngen.

Grad doduerch géif sech de Festival immens gutt fir all Altersklass ubidden, souguer fir Primärschoulschüler, fir déi en Donneschdegmoien direkt zwou Virstellunge waren. “Klassesch Musek a Kultur am Allgemenge gehéiert menger Meenung no zu all Educatiounsparcours dozou, a wat ee méi fréi ufänkt, de Kanner dat méi no ze bréngen wat besser”, sou d’Aniela Stoffels, déi zanter leschtem Joer de Festival matorganiséiert.

Fir dës Editioun gouf och een extra Familljeprogramm kreéiert, vun deem een e Sonnden, den 28. Abrëll ka profitéieren. Méi Informatiounen zum Festival an Tickete ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO