
Méi spéit an hirem Liewen ass d’Elise Hack als Déngschtmeedchen zu Paräis an de Stot vum Henry Havard komm. Déi zwee haten eng ganz speziell Relatioun mateneen an d’Elise krut och Konscht geschenkt.
An der Expo gëtt d’Geschicht vum Elise a vum Henry erzielt, et ass awer net gewosst, ob déi zwee méi ewéi eng professionell Relatioun mateneen haten.
D’Kollektioun vun der Elise Hack besteet aus ganz verschiddene Kënschtler, sougenannte Petit-maîtres.