
Also Komedien ass den Gilbert Gottfried deene meeschte Leit an Erënnerung duerch seng schrill Stëmm a säin däischteren Humor. Esou ass hien duerch kontrovers Witzer iwwert den 11. September an den Tsunami a Japan negativ opgefall. Dat huet senger Karriär awer net geschuet, esou ass hien nach all déi Jore fir verschidde Projeten an der Film- a Fernseebranche gebucht ginn. De Film “Hassle at the Castle”, deen aktuell nach an der Pre-Produktioun ass, wäert nom Doud vum Schauspiller a Komedien erauskommen. Déi bekannste Roll wäert awer ëmmer den Iago vun Aladdin bleiwen. Am engleschen Original huet de Gottfried dem Papagei esouwuel an alle Filmer a Serien, wéi och an de Videospiller seng Stëmm geléint.
Gebuer gouf de Gilbert Jeremy Gottfried den 28. Februar 1955 an ass un Häerzproblemer den 12. Abrëll 2022 gestuerwen. Hien hannerléisst eng Fra an zwee Kanner.