Song-Release emol aneschtKonkurrenz-Karaoke: D'LSC-Kandidate stellen hir Lidder géigesäiteg vir

Lea Schwartz
An enger Karaoke-Bar hunn déi 8 LSC-Finalisten e Freideg hir Lidder präsentéiert, mat deene se sech fir den Eurovision Songcontest zu Wien qualifizéiere wëllen.

Méi wéi 6 Wochen ass et elo hier, dass déi 8 Finaliste fir den Eurovisioun-Virentscheed sech am Casting duerchsetze konnten. Mat wéi enge Lidder se d’Jury iwwerzeegt hunn, huet bis zur offizieller Release misse geheim bleiwen. Leschten Donneschdeg goufen d’Lidder bei eis op der Antenn eng éischt Kéier virgestallt an e Freideg ware verschidde Vertrieder vun der Press op déi grouss Song-Release agelueden. Den Twist: D’Kandidaten hunn net hir eege Lidder virgestallt, mä jeeweils an engem zesummegewierfelten Duo d’Lidd vun engem Konkurrent gesongen.

Back to Top
CIM LOGO