Eegentum ze hunn ass een vun de Grondrechter an eisem kapitalisteschem Gesellschaftsmodell. Ongerecht verdeelt féiert vill perséinleche Besëtz awer och zu Näid a Kontroversen. De Projet “Störende Wahrheiten” zu Lorentzweiler stellt mat enger Konschtausstellung eis Wäerter an eisen Ëmgang mat Besëtz a Fro.
Am ganze fënnef Kënschtler hu sech fir de Projet “Störende Wahrheiten” mam Begrëff “Eegentum” ausernee gesat. Hir Wierker déi zanter Mëtt Mee uechter d’Gemeng ausgestallt si beliichte ganz ënnerschiddlech Aspekter ronderëm de Besëtz. De Curateur René Kockelkorn ass frou driwwer wéi kritesch d’Artisten mam komplexe Sujet ëmgaange sinn. Konscht soll eppes sinn wat Leit beweegt.
Vill Institutiounen a Konschtausstellunge beschäftegen sech net mat besonnesch “heikelen” Themen an der Gesellschaft. Et ass méi einfach just dat Schéint a «Bejahende» ze sichen anstatt kritesch aus ze stellen seet de Curateur René Kockelkorn.
De Marc Pierrard notzt de Fait dass säi Wierk am ëffentleche Raum steet. Hien huet en e Luxusartikel virun enger Kierch ausgestallt. Esou stellt en dat Materiellt dem Spirituellen direkt géigeniwwer. Op der enger Säit gëtt de Public heimat op d’Prouf gestallt a gläichzäiteg mécht de Kënschtler drop opmierksam wat de Besëtz vu wäertvollen Objete mat engem mécht. Jo et ass eng Original (Posch) well ech bei Proprietéit drun denken, dass wann ee vill Saachen huet kënnt och ëmmer d’Angoisse dobäi déi Saachen ze verléieren oder Se geklaut ze kréien. Ech hunn et kënschtleresch interessant fonnt dat op mech ze huelen. Déi Posch ze kafen a se dohinner ze stelle mam Risiko dass eppes geschitt oder dass se geholl gëtt seet de Kënschtler.

De Jeremy Palluce ass manner chrëschtlech mee genee esou kritesch un de Sujet eru gaangen.
Et geet drëm d’Fontana di Trevi vu Roum zu Lëtzebuerg z’imitéieren an eng Fontana di Lussemburgo ze schafe wou d’Leit sech Gléck kënne kafen mat Mënz déi se iwwert d’Schëller dra geheien esou den Artist.
D’Fontana di Lussemburgo stellt d’Fro op ee Problemer wierklech mat Sue léise kann. Op der Inauguratioun war d’Wierk vu Jugendleche besat, wéi een et vläicht aus engem Stater Park kennt. Eegentum zu Lëtzebuerg ass fir jonk Leit en Dram deen ëmmer méi wäit ewech rutscht. Wënschen dierfen se trotzdeem.

D’Wierk “eVALUEmotion” vun der Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling huet e puer Dimensiounen. D’Artistin reegt d’Leit aus der Gemeng dozou un a verschiddenen Etappen iwwert de Begrëff Eegentum an hir Liblingsobjeten no ze denken. Ënnert anerem wëll d’Artistin iwwert eng Rei Tauschaktioune den ënnerschiddleche Wäert vun Objeten fir eenzel Persounen duerleeë. Op der Inauguratioun ass en éischten Objet an enger Plexiglasbox ausgestallt ginn. Bis September kann de Public dëse géint aner Géigestänn antauschen. Um Enn vun der Expo gëtt da gekuckt war dann schlussendlech an der Box gelant ass.

De Kënschtlerduo Toitoi huet sech Kanaldeckelen vun der Gemeng Lorentzweiler zu eege gemaach. Mat vill Humor a Ironie hunn d’Artisten hiert Wierk dem Public op der Inauguratioun virgestallt : Zwee fuschnei Deckelen, frësch gegoss, a vill méi schéin wéi déi al, vu dass se sech selwer um neie Modell veréiwegt hunn. Um Schluss stellen se awer Se stellen se awer eng pertinent Fro : Wiem gehéiert hiert Wierk schlussendlech ? Dem Duo, engem vun den Artisten oder eventuell der Gemeng ?

“Sleeping Stanger” huet d’Kënschtlerin Keong-A Song hiert Wierk genannt. En Ongeheier op Rees. Um Wee duerch d’Gemeng Lorentzweiler iwwerkënnt eng Middegkeet d’Kreatur a se sicht sech eng Platz an engem verloossene Gebai fir ze raschten. Stéieren mécht dat friddlecht Ongeheier am Prinzip keen am verloossenen Tuerm, et notzt awer eng Platz déi em eigentlech net zousteet. D’Monster stéiert dat sécher net, op et den Noperen oder den Proprietär genee sou geet stierf dohi gestallt. D’Artistin stellt mat dësem praktesche Beispill d’Fro op de Begrëff Eegentum iwwerhaapt mat der Natur vereenbar ass. Just mir Mënsche versti Begrëffer an Iddie wéi Eegentum oder Notzungsrecht. D’Natur këmmert sech net em esou Konzepter.

Et si Wierker déi een am Alldag séier iwwersinn huet. Déi verschidde Kënschtler leeën awer gelongen duer, wéi een iwwert de Wee vu Konscht a Kultur am ëffentleche Raum grouss Konzepter a kritesch Iddien direkt un d’Leit brénge kann.
D’Expo geet nach bis den 30. September. Hei geet et op d’Säit vum Projet.