Zanterhier huet sech um Konzept net vill geännert. Hei gëtt Konscht ausgestallt a Verkaf an dat fir e gudden Zweck. Fir den 10. Anniversaire hunn d’Organisateure vun Art2Cure direkt 2 Ausstellunge geplangt. Eng mat 10 Artisten an der Galerie Indépendance an der Stad, déi aner mat Ganzer 22 zu Esch an der Konschthal. Konzept ass zanter 10 Joer dat selwecht. Mam Verkaf vun de Wierker gëtt Geld fir d’Fuerschung gesammelt. Dëst Joer geet den Erléis un d’Recherche vun der d’Alzheimer-Krankheet.
D’Sandra Lieners schafft haaptberufflech als Kënschtlerin, si ass schonn déi 4. Kéier mat dobäi. Fir si war et eng Evidenz sech bei dësem Projet ze investéieren.
Virun e puer Joer gouf nämlech de “Plooschter Projet” vun hirem Brudder ënnerstëtzt. Dee Projet mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktiounen, fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren.
Den Organisateure vun Art2Cure ass et awer och wichteg, net nëmmen d’Fuerschung ze ënnerstëtzen, mee och d’Lëtzebuerger Konschtzeen. De gréisste Deel vun den Artiste sinn Lëtzebuerger. 50 Prozent vum Verkaf ginn un d’Fuerschung, déi aner un de Kënschtler selwer.
D’Ausstellung an der Galerie Indépendance kann ee sech nach bis den 29. September ukucken, déi an der Konschthal zu Esch, ass just nach bis dëse Sonndeg op.