"Back to Black"Kontrovers Biografie vum Amy Winehouse kënnt an de Kino

RTL Lëtzebuerg
Mat "Back to Black" kënnt de 24. Abrëll eng nei Filmbiographie iwwert dat stiermescht Liewe vun der brittescher Sängerin Amy Winehouse op d'Leinwand.
Déi brittesch Realisatrice Sam-Taylor Johnson virun der Filmpremière den 8. Abrëll zu London.
Déi brittesch Realisatrice Sam-Taylor Johnson virun der Filmpremière den 8. Abrëll zu London.
© AFP/BENJAMIN CREMEL

Domat lieft d’Amy Winehouse, déi 2011 un enger Alkoholvergëftung verstuerwen ass, nach eng Kéier op. Ma nach éier de Film an de Kinoen ugelaf ass, gëtt en och schonns kritiséiert. E géing de schlechte Ruff vun der Artistin mëssbrauchen, déi vill ënnert der permanenter Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet gelidden huet.

Allgemeng géing sech den Documentaire ze vill mat deenen negativen Aspekter vun der Kënschtlerin beschäftegen. Weider géing de Film och nach de Papp verurteelen, deen als gierege Mann, deen Opmierksamkeet sicht, duerstellt.

De Papp war dann och e Méindeg mat senger Ex-Fra op der Filmpremière zu London. D’Realisatrice Sam Taylor-Johnson betount allerdéngs, datt d’Famill net um Film matgewierkt hätt. “Et war wichteg, fir hinne mat Respekt ze begéinen, mee si kënnen d’Saachen net changéieren oder mir virginn, wat ech ze filmen hunn”, seet si.

“Vue datt d’Mënsche bennzeg dorop waren, hiert Liewen ze suivéieren, ass et bal onméiglech, fir e seriöe Grond ze fannen, e Film iwwert d’Amy Winehouse ze maachen, deen net op Gier baséiert”, esou eng brittesch Kulturjournalistin an der Online-Zäitschrëft The Independant.

Mat hirer Stëmm, hiren Texter an hirem eenzegaartege Stil huet d’Amy Winehouse d’Musekswelt gepräägt, éier si am Alter vun nëmme 27 Joer gestuerwen ass. 2008 war hiren zweeten Album “Back to Black” mat engem Grammy ausgezeechent ginn. Dorop ze héieren ass ënnert anerem d’Lidd “Rehab”, an deem d’Kënschtlerin iwwert hire Kampf géint d’Drogesucht erzielt.

Back to Top
CIM LOGO