Scorpions zu LëtzebuergLegendär Rock-Band feiert nächst Joer hire 60. Gebuertsdag
Zanter bal 60 Joer begeeschteren d'Scorpions hir Fans op der ganzer Welt, sou och zu Lëtzebuerg. D'Band huet eis verroden, wat hiert Geheimnis ass.
Scorpions zu Lëtzebuerg: Legendär Rock-Band feiert nächst Joer hire 60.
Zanter bal 60 Joer begeeschteren d’Scorpions hir Fans op der ganzer Welt, sou och zu Lëtzebuerg. D’Band huet eis verroden, wat hiert Geheimnis ass.
En Dënschdeg ass op der Bün um Kierchbierg eng Band opgetrueden, déi et d’nächst Joer scho 60 Joer gëtt an déi och haut nach ëmmer vill Succès huet. D’Scorpions goufen 1965 zu Hannover gegrënnt, dat ënnert anerem mam Gittarist Rudolf Schenker, deen nach ëmmer mat dobäi ass.
Virun hirem Optrëtt waren déi aktuell Band-Memberen am RTL-Interview an hu verroden, datt et ënnert anerem déi richteg Leit ronderëm ee brauch, fir als Band esou laang kënne Succès ze hunn. An och d’Fans hunn dem Philippe Dondelinger erzielt, firwat si d’Scorpions och haut nach feieren.
Scorpions @ Luxexpo Open Air (2.7.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Superdrive an Extreme als Virband vun de Scorpions @ Luxexpo (2.7.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
RTL-News: Alles ronderëm d’Open-Air-Concerte bei der Luxexpo: Vun der Organisatioun, dem Backstage-Beräich bis zu Fans