Berlinale 2024Lëtzebuerg, klengt Land, grousse Kino

RTL Lëtzebuerg
Bis e Sonnden nach ass an der däitscher Haaptstad ganz grousse Kino ugesot.

D’Berlinale zitt och dëst Joer nees Filmschaffender aus der ganz Welt un an och aus Lëtzebuerg. Ma wat maachen d’Acteuren aus der Filmindustrie iwwerhaapt op esou engem Festival a wéi positionéiert sech Lëtzebuerg an deem Milieu?

Berlin. Méi e Weltdeel ewéi eng Stad, soll den däitschen Dichter Johann Paul Friedrich Richter geschriwwen hunn. Kee Wonner also, datt sech ausgerechent hei all Joer op en Neits de Kino aus aller Welt Rendez-vous gëtt. E Kontext, dee selbstverständlech och sëlleg Acteuren aus der rout-wäiss-bloer Filmzeen unzitt. Sou huet sech och dëst Joer nees d’Lëtzebuerger Ambassade un de Feierlechkeete bedeelegt. Ma opgepasst. Well trotz allem Glitzer, Kippercher, Häppercher a jo, och Grillwurschten, ass een net nëmmen hei fir ze kucken an ze schmaachen.

Ma wien iwwert Lëtzebuerger Kino am Ausland schwätzt, kënnt net dolaanscht, d’Wuert Co-Produktioun an de Mond ze huelen. Wisou ass dat esou? Aus finanzielle Grënn, jo, ma net nëmmen.

Berlinale 2024: Lëtzebuerg, klengt Land, grousse Kino
Bis e Sonnden nach ass an der däitscher Haaptstad ganz grousse Kino ugesot.

Back to Top
CIM LOGO