Dräi Méint ass et elo hier, datt déi 4. Staffel vu Generation Art op en Enn komm ass. Dräi Méint, datt de Steven Da Cruz, d’Manon Diederich an de Pol Trierweiler an der Finall stoungen a schlussendlech dem Steven zu senger Victoire gratuléiert hunn. Schonn du stoung fest, datt déi dräi hir Wierker géingen am Wassertuerm+Pomehouse ausstellen. Lo ass et esou wäit. Den 9. Februar ass de Vernissage vun der Ausstellung Melting Memories.
Den Numm ass och Programm, wann och fir jiddereen op eng aner Aart a Weis. Wärend de Steven, deen och d’Affiche vun der Ausstellung entwéckelt huet, en nuancéierte Bléck op d’homosexuellt Zeeneliewe virschléit, hëlt d’Manon de Public op eng Rees tëscht Afrika a China mat. De Pol luet a seng Kandheetserënnerungen an, nämlech an d’Familljenhaus a Frankräich, wou hie vill Summere verbruecht huet. Eng thematesch Mise à nue, déi de Public an d’Kënschtler un déi lescht Staffel vun Generation Art wäert erënneren.
Fir de Parcours vun de Kënschtler zanter dem Ofschloss vun Generation Art bis zur Ausstellung ze illustréieren, lueden d’Jenny Fischbach an d’Patricia Baum op en No Art spezial am Ausstellungsraum an. Déi zwee Kulturjournalistinne waren hannert der Redaktioun an der Produktioun vun Generation Art an hunn deemno e ganz enke Bond zu de Kënschtler an hire Wierker. D’Occasioun also, sech erëm ze gesinn, mee och iwwert d’Entwécklung vun den dräi Kandidaten ze schwätzen, wéi geet et hinnen, wou si se drun, wou wëlle se hin? De Pol an d’Manon feieren am Kader vun dëser Ausstellung hir éischt richteg Ausstellung, e Grond zur Opreegung, mee virun allem, zur Virfreed. Am direkten Uschloss ass dann de Vernissage vun der Expo um 19:00 am Waassertuerm+Pomhouse zu Diddeleng, nieft dem CNA.
D’Ausstellung leeft vum 9. bis den 26. Februar.
All d’Episode vun “Generation Art” fannt Dir hei.