"Do Not Expect too much from the End of the World"Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt Spezialpräis beim Locarno Film Festival

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Koproduktioun "Do Not Expect too much from the End of the World" ass ënnert de Gewënner vum 76. Locarno Film Festival an der Schwäiz.

De Film vum Regisseur Radu Jude an Zesummenaarbecht mat Paul Thiltges Distributions huet e Samschdeg de Spezialpräis vum Jury bei der 76. Editioun vum Filmfestival zu Locarno gewonnen.

Bei der Koproduktioun tëscht de Länner Lëtzebuerg, Rumänien, Schweden, Kroatien a Frankräich hunn Espera Productions (Bild-Nobeaarbechtung) a Philophon Studios (Toun-Nobeaarbechtung) de Grand-Duché vertrueden.

Et ass déi zweet Kéier, datt de Regisseur Radu Jude en Haaptpräis fir e Film gewënnt, dee vum Film Fund ënnerstëtzt ass. 2021 krut den Jude de “Goldener Bär” fir säi Film “Bad Luck Banging or Loony Porn”. Fir Lëtzebuerg ass et déi véiert Victoire zu Locarno: 2005 fir “Brudermord”, 2012 fir “Mobile Home” an 2021 fir “Hinterland”.

Back to Top
CIM LOGO