"Filmreakter Quickies"Lëtzebuerger Kuerzfilmer nei op RTL Play

RTL Lëtzebuerg
"Filmreakter Quickies" ass eng Anthologie vu Lëtzebuerger Kuerzfilmer gedréint wärend der Covid-19-Pandemie.

Den 1. Film Vis-a-Vis vum Émile V. Schlesser ass vun e Freideg 10 Auer un op RTL Play ze gesinn. Ënner anerem spillen den Tommy Schlesser an d’Sophie Mousel mat dësem Kuerzfilm vu ronn 15 Minutte mat.

LINK: Kuckt d’Serie op RTL PlayAm Ganze presentéiere mir Iech an den nächste Wochen a Méint 18 Kuerzfilmer vu verschiddene Lëtzebuerger Realisateuren:

Frédérique Buck & Gintare Parulyte, Eileen Byrne, Catherine Dauphin, Adolf El Assal, Larisa Faber, Godefroy Gordet, Max Jacoby, Baptiste Ménage, Nilton Martins, Nadia Masri, Thierry Mousset, Nicolas Neuhold, Suzan Noesen, Samuel Perez, Émile V. Schlesser, Kim Schneider, Julie Schroell, Govinda Van Maele.

Gedréint goufen dës Wierker alleguerte wärend der Coronapandemie.

LINK: Weider Informatiounen zu der Serie fannt der op Quickies.lu

Back to Top
CIM LOGO