
En Donneschdeg goufen et Nouvellen zum Lëtzebuerger Pavillon. Dëse steet ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet. Virop der Kreeslafwirtschaft. An deem Kontext gouf eng “Lettre d’Intention” mat Katano ënnerschriwwen, enger Stad an der Präfektur vun Osaka. Dës huet sech engagéiert, fir no der Expo en Deel vum Baumaterial vum Lëtzebuerger Pavillon ze iwwerhuelen.
D’Cargolux ass iwwerdeems elo een Haaptsponsor. D’Lëtzebuerger Cargo-Fluchgesellschaft ass zanter bal 40 Joer a Japan aktiv.
Dernieft gouf festgehalen, datt de “Lëtzebuerger Dag” am Pavillon den 30. Mee ass.
Et gëtt dann och elo no Leit gesicht, déi wëllen am Pavillon schaffen. Och d’Sich no Handwierker respektiv Designer vun innovativen an nohaltege Miwwelen, déi an de Pavillon stoe kommen, ass lancéiert. Detailer ginn et um offiziellen Internetsite.
“Doki Doki - The Luxembourg Heartbeat": Ënnert deem Slogan steet de Lëtzebuerger Pavillon 2025 zu Osaka.
Op der kënschtlecher Insel Yumeshima wäerte sech d’nächst Joer eng 175 Stänn presentéieren. De Lëtzebuerger Pavillon gouf no nohaltege Krittäre vum Architekte-Büro Steinmetz-Demeyer entworf.