Méi wéi 15.000 Mënschen aus iwwer 100 Länner sinn dëst Joer an déi franséisch Stad Annecy gereest, fir um weltwäit gréissten Animatiounsfilmfestival deelzehuelen. 340 Filmprojektioune si bannent enger Woch gewise ginn, dorënner och 6 Lëtzebuerger Koproduktiounen. 5 Long-métragen an eng “Extended-Reality-Produktioun” waren an der offizieller Selektioun.
“La Sirène” vu Bac Cinema a La Fabrique d’Images a “Kensuke’s Kingdom” vu Melusine Productions waren an der offizieller Competitioun nominéiert. “Nina et le secret du hérisson” vun Doghouse Films an der Selektioun “hors competition” nominéiert. D’Extendend-Reality-Produktioun"Ceci est mon cœur” vun a_BAHN, “Slocum” vu Melusine Productions an “Dans la forêt sombre et mystérieuse” vun Zeilt Produktiouns sinn an der Kategorie “Work in Progress” ugetrueden.
De long-métrage “La Sièrne” ass mam Präis fir déi beschte Musek ausgezeechent ginn.
De Filmfong ass déi 22. Kéier zu Annecy um Rendez-vous, fir eist Land an eng 15 Lëtzebuerger Societéiten aus der Animatiounsbranche ze representéieren.
De Festival zu Annecy ass awer och bei Studente beléift an net manner wéi 3.000 vun hinne waren dëst Joer present. Och Lëtzebuerger Studenten, déi hei am Land e Bachelor an der 3D-Animatioun maachen, hoffen do hire Portfolio de Professionellen aus dem Secteur ze weisen. Zënter 2018 kann een hei am Land dës Formatioun maachen, déi eng Collaboratioun tëscht dem Lycée des Arts et Métiers an de Uni Lëtzebuerg ass.