Luncheon vun den Oscar-NominéiertenLëtzebuerger Realisateur trëfft Cruise, Spielberg a Blanchett zu L.A.

RTL Lëtzebuerg
De Realisateur vum Oscar-nominéierte Kuerzfilm "The Red Suitcase" Cyrus Neshvad war um Méindeg beim traditionelle Luncheon am Hilton zu Beverly Hills.

Hien huet bei där Occasioun vill bekannt Gesiichter vun Hollywood begéint, wéi den Tom Cruise, de Steven Spielberg oder d’Cate Blanchett zum Beispill.

Hei ee Video mam Steven Spielberg

The red suitcase” gouf 2021 bannent just 6 Deeg um Findel gedréint a vun der Firma “Cynefilms” produzéiert.

D’Zeremonie vun den Oscaren ass den 12. Mäerz. De Film “La valise rouge” gëtt och beim Luxembourg City Film Festival gewisen.

Hei de Facebookpost vum Filmfong

Back to Top
CIM LOGO