An enger sougenannter "Résidence artistique" hu sech Kënschtler aus fënnef verschidde Länner zesummegedoen – ënnert hinnen déi lëtzebuergesch Schauspillerin Jacqueline Milne.
Fir si ass et eng Geleeënheet, déi Paräisser Haaptstad nei z'entdecken an do och Inspiratioun ze fannen, fir hiert éischt Theaterstéck ze schreiwen. D'Thema Identitéit spillt dobäi eng wichteg Roll.