
Luxemburg 1942-44: Tagebucheinträge eines deutschen Journalisten während der NS-Besatzung
Den däitsche Schauspiller Herbert Knaup liest Extraiten aus den Tagebicher vum däitsche Journalist Paulheinz Wantzen, deen tëscht 1939 an 1946 eng 6200 Manuskriptsäiten an 19 Bicher festgehalen huet. Tëscht 1942 an 1944 war de Wantzen zu Lëtzebuerg. Hie koum vu Münster an huet an där Zäit fir d’Nationalblatt an d’Luxemburger Wort geschriwwen.
Seng Aarbecht ass bei der Ausstellung “Luxemburg und der Zweite Weltkrieg” am CNL fir d’Fuerschung entdeckt ginn.
D’Liesung befaasst sech mat den Opzeechnunge wärend der Zäit zu Lëtzebuerg an ass am Kasemattentheater den 24. September um 20 Auer. Et ass eng Covid-Check-Manifestatioun.
Am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine invitéiert de Lëtzebuerger Danz-Kollektiv LUCODA op eng interdisziplinär Performance an de Gaart vum Aansebuerger Schlass.

“Odyssey” verbënnt op innovativ Manéier zäitgenësseschen Danz, Theater a Live-Musekop barock-Instrumenter a schléisst d’Natur, d’Architektur an d’Geschicht vum Lieu an.
D’Konzept an d’Choreographie si vum Norah Noush a Sejla Softic.
Hunn d’Kënschtler vum Volleksbühn-Kollektiv bis eng Iddi eng Kapp, da gëtt net laang gezéckt a schnellst méiglech d’Ëmsetzung an Ugrëff geholl. Zanter 2018 iwwerrascht d’Volleksbühn de Public ëmmer nees mat onkonventionellen Theaterformen. Dozou gehéiert och hir neiste Produktioun “De Bësch” – een Hybrid tëschent Theaterstéck a Nuetsrallye.
“Bësch erzielt keng Geschicht am klassesche Sënn, mat Ufank, Héichpunkt an Enn. D’ZuschauerInne gi vill méi Deel vun engem fiktive, mee tactille Microcosmos, dee si op ege Fauscht exploréiere kënnen. Si dauche voll an d’Welt vum Bësch an a gi, jidderee fir sech an a sengem Tempo, Spueren no, begéine Personnagen, déi se vlait an e Geheimnis aweien, kënnen hir Entdeckungen mat aneren deelen a si mat deenen nämlechte Froe konfrontéiert, wéi d’Personnagen.”

Gespillt gëtt vum 24. bis de 26. September zu Nidderaanwen, vum 1. bis den 3. Oktober zu Bieles a vum 8. bis den 10. Oktober zu Wahl.
„Dies ist die Geschichte einer Wassermelone, die fällt. Und während sie fällt, denkt sie: Bis hierhin lief es gut, bis hierhin …“
LA PASTEQUE hëlt de Publikum mat op eng Busrees matten an Europa, wou Mënschen aus de verschiddenste soziale Schichten a Generatiounen zesummen ënnerwee sinn an net laanscht enee kommen.
Et ass Theater aus der Groussregioun fir d’Groussregioun: Rheinland-Pfalz, Saarland, Grand-Est a Lëtzebuerg. D’Stéck ass Däitsch, Franséisch, Englesch. De Kënschtlerkollektiv Maskénada ass Co-Produzent.

No der Première am Juli zu Saarbrécken, gëtt elo an der Banannefabrik gespillt den 24. & 25 September.