RIPLiteratur-Zeen trauert ëm de Milan Kundera

RTL Lëtzebuerg
Den tschecheschen Auteur ass en Dënschdeg no laanger Krankheet am Alter vu 94 Joer a senger Heemechtsstad Brünn verscheet.
© AFP

Bekannt Titele vum Kundera sinn “Das Buch der lächerlichen Liebe” an “Der Scherz”. D’Wierk “Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins”, dat iwwert d’Evenementer am Prager Fréijoer 1968 handelt, gouf mam Daniel Day-Lewis an der Juliette Binoche verfilmt.

Zanter 1993 huet de Kundera seng Bicher op Franséisch verfaasst, nodeem hien ugangs den 80er Joren d’franséisch Nationalitéit ugeholl hat.

D’Kommunistesch Partei hat iwwerdeem de Kundera 1970 a senger tschechescher Heemecht ausgeschloss, kuerz drop krut hien e Publikatiounsverbuet operluecht.

Zanter 1990 war de Kundera ënnert anerem an der Légion d’Honneur an hat eng Hellewull vu Literatur-Präisser fir seng Wierker kritt.

Back to Top
CIM LOGO