Wéi d'asbl Cultur'all um Mëttwoch matdeelt, wéilt een d'Kultur zu Lëtzebuerg weiderhi fir jiddereen accessibel maachen. Dozou géif och de Kino gehéieren.
Bis ewell gouf et fir Leit mam Kulturpass schonn a 5 regionale Kinoen en Tarif vun 1,5 Euro den Ticket, dorënner och d'Cinemathéik, déi dëse Präis an Zukunft wäert bäibehalen. Fir déi aner regional Kinoen am Land, gëtt den Tarif elo op 3 Euro eropgesat, fir verschidde Fraisen ze decken an déi divers Offer u Kinosfilmer wéi gewinnt kënne bäizehalen.
Duerch d'Präiserhéijung kéint een elo ausserdeem de Reseau ausbreeden an nach méi regional Kinoen aus dem Land an d'Offer um Kulturpass integréieren.
Vum 1. Oktober u kann een dann an dësen 9 Kinoe mam Kulturpass fir 3 Euro den Ticket e Film kucke goen: