Franséischen Acteur a RegisseurMathieu Kassovitz bei Motorradsaccident uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Bei Preparatioune fir en neie Film hat de Schauspiller Mathieu Kassovitz en uergt Accident mat engem Motorrad op engem Circuit bei Paräis.
© AFP

Wéi et vum Parquet Évry e Sonndeg heescht, hätt de franséische Regisseur bei engem Cours um “Autodrome de Linas-Montlhéry” matgemaach, fir seng Motorrad-Kenntnisser opzefrëschen a souz eleng um Moto, wéi hie beim Acceleréieren d’Kontroll iwwer säi Moto verluer huet.

An de franséische Medien heescht et, de 56 Joer ale Kassovitz wier beim Virfall schwéier blesséiert, an an e Spidol bruecht ginn. Dem “Parisien” no wier den Acteur awer net a Liewensgefor. Säi Becke wier gebrach an hien hätt e “Schädeltrauma” dovu gedroen, heescht et weider.

De Mathieu Kassovitz hat 1995 Regie beim Film “La haine” gefouert, deen d’Liewen an de Banlieuen a Frankräich weist. Beim Filmfestival zu Cannes gouf hien dofir als beschte Regisseur ausgezeechent. Säi Wierk krut iwwerdeem de Präis fir de beschte Film. Weider Succèsen hat de Regisseur mat de Filmer “Les Rivières pourpres” aus dem Joer 2000 an “Gothika” vun 2003. Als Acteur hat hien ënner anerem d’Haaptroll am Film “Le fabuleux destin d’Amélie Poulain”.

Back to Top
CIM LOGO