Éieren-OscarMel Brooks an Angela Bassett gi fir hiert Liewenswierk ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
Den 18. November kréien d'96 Joer al US-Komedie-Legend an déi 64 Joer al Actrice déi gëlle Statur op enger Gala. Dat huet d'Oscar-Akademie matgedeelt.
© AFP Archivbild

En Éieren-Oscar kritt deen Dag awer och d’Film-Editeurin Carol Littleton, déi ënner anerem den “E.T.” vum Steven Spielberg zesummegeschnidden huet.

Den Acteur, Realisateur an Dréibuchauteur Mel Brooks ass fir Comedië wéi “The Producers” (Frühling für Hitler/1967), “Young Frankenstein” (1974), “History of the World, Part I” (1981) a “Robin Hood: Men in Tights” (1993) bekannt.

Fir d’Dréibuch vum “The Producers” krut de Mel Brooks iwwregens schonn en Oscar, ma war och beim Fernseepräis Emmy, beim Musekpräis Grammy an nach beim Musicalpräis Tony erfollegräich. Hie gehéiert domat zu de wéinege Kënschtler vun der sougenannter EGOT-Grupp. De Mel Brooks kritt e Mëttwoch 97 Joer.

Zu der Éierung vum Angela Bassett sot d’Akademie, dass d’Actrice an hirer joerzéngtelaanger Karriär mat hiren Duerstellungen “nei Standarde” gesat huet. Zwee Mol war si scho fir en Oscar nominéiert: fir d’Tina-Turner-Filmbiografie “Tina - What’s Love Got to Do with It” aus dem Joer 1993 a fir de Marvel-Superheldefilm “Black Panther: Wakanda Forever”. Aner bekannte Filmer sinn nach “Boyz n the Hood” (1991), “Malcolm X” (1992), “Mission Impossible - Fallout” (2018) an “Avengers: Endgame” (2019).

Back to Top
CIM LOGO