Optakt vum FilmfestivalMeryl Streep gëtt fir hiert Liewenswierk geéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend ass den Optakt vun der 77. Editioun vum Internationale Filmfestival zu Cannes.

D’Meryl Streep gëtt dobäi mat enger Éiere-Palme-d’or fir hiert Liewenswierk ausgezeechent.

Wärend dem Festival ginn eng sëllegen nei Produktiounen eng éischte Kéier gewisen, wéi beispillsweis de Monumental-Film «Megalopolis» vum Hollywood-Regisseur Francis Ford Coppola.

Eng lëtzebuergesch Co-Produktioun ass dëst Joer iwwerdeems net an der offizieller Selektioun derbäi.

D’Actrice Vicky Krieps ass awer Jury-Member vun der Kategorie “Un certain regard”, an de Filmfong ass och nee mat engem Pavillon op der Croisette vertrueden, fir Promotioun fir den nationale Film-Secteur ze maachen. E Samschdeg ass do dann och nees den traditionellen Lëtzebuerger Dag.

Back to Top
CIM LOGO