„Enter Sandman“Metallica spenden Erléis vun hirer "Charity-Single" un Iwwerschwemmungsaffer

RTL Lëtzebuerg
E Freideg verëffentleche Metallica eng Neioplo vun hirer Single "Enter Sandman" aus dem Joer 1991.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Jason Kempin

30 Joer ass et mëttlerweil hier, dass déi US-amerikanesch Band hire fënneften Album “The Black Album” op de Maart bruecht huet. E Grond ze feiere fir d’Museker, ma och fir d’Fan-Communautéit. Dowéinst brénge Metallica eng sougenannte Remaster-Edition vun hirem legendären Album eraus, déi et vum 10. September un an digitaler a physescher Form ze kafe gëtt.

D’Suen, déi duerch de Verkaf erakommen, ginn u Leit, déi uerg vum Héichwaasser an den Iwwerschwemmunge getraff goufen, gespent, fir si an dëser schwiereger Lag finanziell z’ënnerstëtzen.

Zanter 2017 engagéiere sech d’Museker fir verschidden Organisatiounen oder Mënschen an Nout. Dës war zum Beispill bei den uerge Bëschbränn an den USA de Fall oder bei der Bekämpfung vun der Corona-Pandemie.

E Cover-Album fir de gudden Zweck

A wien net genuch vun der Metal-Band kréie kann, fir dee gëtt et nach de Cover-Album „The Metallica Blacklist”, deen den 10. September an digitaler Form an den 1. Oktober als CD a Vinyl erschénge wäert. Iwwer 50 Kënschtler a Kënschtlerinnen hunn op dësem Album Lidder vun der Kultband gecovered. Dorënner d’Miley Cyrus, den Elton John, Watt oder Robert Trujillo & Chad Smith. An et wäert och fir all Goût eppes mat dobäi sinn, well verschidde Genren drop vertruede sinn, vu Country, Indie, Electro bis Hip Hop a Punkrock. Den Erléis geet u karitativ Organisatiounen an un d’Metallica-Stëftung “All Within My Hands”.

Back to Top
CIM LOGO