Filmféiwer zu BerlinMir huelen Iech mat op d'Berlinale

RTL Lëtzebuerg
Et ass d'Course ronderëm de bekannte Filmpräis, de gëllene Bier, fir deen aktuell Leit aus dem Filmsecteur zu Berlin sinn.
Mir huelen Iech mat op d'Berlinale
Et ass d’Course ronderëm de bekannte Filmpräis, de gëllene Bier, fir deen aktuell Leit aus dem Filmsecteur zu Berlin sinn.

Et ass de Rendez-vous fir Acteuren, Produzenten, ma och filmbegeeschtert Leit. Op der Berlinale ginn nei Filmer virgestallt, Bezéiunge geknäppt, awer och nei Projeten un de Mann bruecht. Dëst Joer sinn och dräi Lëtzebuerger Filmer oder Koproduktiounen, déi um Filmfestival gewise ginn.

“Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste” vun ënner anerem “Amour Fou” leeft an der Kompetitioun a wäert och um Lëtzebuerger Film Festival lafen.

De Film “A Greyhound of a Dog” ass e Familljefilm vun ënner anerem Paul Thiltges Distributions. Et ass eng iresch Geschicht vun engem italieenesche Realisateur a Produzenten aus 7 Länner.

“La Sirène” ass och en Animatiounsfilm an erzielt d’Geschicht vum Iran am Joer 1980 an der bombardéierter Stad Abadan. Bac Film huet “La Sirène” koproduzéiert.

Déi dräi Filmer sollen am Hierscht och an d’Lëtzebuerger Kinoe kommen. Wéi déi verschidden Acteuren d’Berlinale erlieft hunn, gesitt Dir am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO