"Däischter Deeg"Museker Fränz Hausemer vertount Gedichter vum Gast Rollinger

RTL Lëtzebuerg
Am Album Däischter Deeg vertount de Fränz Hausemer, Museker a Film Realisateur, 23 Gedichter vum Escher Gast Rollinger.
Museker Fränz Hausemer vertount Gedichter vum Gast Rollinger
Am Album Däischter Deeg vertount de Fränz Hausemer, Museker a Film Realisateur, 23 Gedichter vum Escher Gast Rollinger.

De Poet a Pionéier aus der Lëtzebuerger Filmproduktioun huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. Den Album bitt en nostalgeschen Abléck an d’Minettsgéigend.

Den Escher Gaston Rollinger huet zwou grouss Passiounen am Liewen, d’Poesie an d’Filmen. De Fränz Hausemer kennt de Gast schonn aus senger Kandheet. Deemools huet dem Fränz säi Papp scho Lidder zum Gast senge Gedichter komponéiert. Seng Faszinatioun fir den Escher ass esou wäit gaangen, datt de Fränz Hausemer aktuell un engem Dokumentarfilm iwwert de Gast schafft. An hei ass d’Iddi fir een Album entstanen. Well esou vill Gedichter a Lidder net an de Film gepasst hunn, huet de Fränz Hausemer decidéiert, een Album ze maachen.

Em déi 40 Gedichter huet de Gast Rollinger a sengem Liewe geschriwwen. Inspiratiounsquelle waren heivir seng Heemescht, den Ellergronn, de Kazebierg, oder nach déi no Grenz zu Frankräich. De Fränz Hausemer huet vun Ufank un eng kloer Musikalitéit bei de Gedichter verspuert.

Beim Projet gëtt hien och vun enger Rëtsch Museker begleet, wei dem Benoit Martiny, Greg Lamy, Renata Van der Vyer, oder nach de kierzlech verstuerwenen Klarinettist Michel Pilz.

2025 soll den Dokumentarfilm iwwert de Gast Rollinger erauskommen, bis dohi kann ee sech seng vertounte Gedichter ulauschteren. Den 23. Abrëll och live, a méi enger klenger Formatioun, an dat passend zu Esch an der Librairie Diderech, eng Plaz, déi dem Gast als Escher och haut nach wichteg ass.

Back to Top
CIM LOGO