
Am Oktober 2020 war The Queen’s Gambit verëffentlecht ginn an ass séier zu enger vun de beléiftsten Netflix-Serië ginn. D’Miniserie mat 7 Folgen, déi vum Scott Frank an dem Allan Scott entwéckelt gouf, baséiert um Roman mam selwechten Numm aus dem Joer 1983.
Obwuel Netflix eigentlech annoncéiert hat, datt et eng limitéiert Serie ass, déi eemoleg an ofgeschloss ass, koumen an de leschten dräi Joer ëmmer nees Spekulatiounen iwwert eng Fortsetzung op. Och am Summer dëst Joer gouf et nees Säiten op Facebook, déi eng 2. Staffel ugekënnegt hunn.
Esou huet ënnert anerem eng Facebook-Säit mam Numm “Netflix News” e Bild mat der Haaptactrice Anya Taylor-Joy gepost, bei deem steet, datt eng zweet Staffel vun The Queen’s Gambit “offiziell confirméiert” gi wier. Dëst ass awer net déi éischte Kéier, datt et dëst Joer Rumeuren zu der beléifter Serie gëtt. Am Januar 2023 gouf den Twitter-Account vun der Schauspillerin Anya Taylor-Joy gehacked an en Tweet verfaasst mam Titel “The Queen’s Gambit 2", deen Dausende Likes kritt huet, éier e geläscht gouf.

Firwat gëtt et nach keng zweet Staffel vun The Queen’s Gambit?
Nieft der laanger Zäit, déi zanter der Publikatioun vun der éischter Staffel vergaangen ass, war The Queen’s Gambit vun Ufank un als Miniserie geplangt. Grond dofir ass, datt d’Serie um Roman vum Walter Tevis baséiert an dat ganzt Buch an der éischter Staffel duergestallt gëtt. Deemno gëtt et kee weidert Material, dat adaptéiert kéint ginn. An obwuel et méiglech wier, eng 2. Staffel vu Grond op nei z’entwéckelen, géing dëst d’Produktioun an eng méi laang Zäitspan bréngen.
Donieft hat d’Haaptbesetzung bis ewell nach keng Zäit, sech fir eng nei Staffel zesummenzefannen. Zanter hirer Haaptroll an The Queen’s Gambit huet d’Anya Taylor-Joy hir Energie a Filmer gestach. An och de Co-Star Thomas Brodie-Sangster ass aktuell mam Tournage fir “The Artful Dodger” an Australien beschäftegt.