RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-RegisseurenNazi-Kontroversen an Dogma 95 mam Lars von Trier

RTL Lëtzebuerg
Et ginn net vill Regisseuren, déi wuel sou extrem de Public splécken, wéi dat den dänesche Regisseur Lars von Trier an der Vergaangenheet gemaach huet...
© Valery HACHE / AFP (Creative Commons)

Déi eng féieren hien als cinematographescht Genie, dat och zu Recht mat Präisser a senger Lafbunn reegelrecht iwwerschott gouf. Vir déi aner Leit ass et einfach en Enfant terrible a seng eenzeg Intentioun vu senger Filmer wier fir de Public ze schockéieren an aus dem Konzept ze bréngen.

D’Wourecht läit warscheinlech dertëscht, well obwuel hie mat Nazi-Witzer op de Filmfestspiller zu Cannes (an dowéinst jorelaang als persona non grata gegollt huet) oder enger “Fuck"-Tätowéierungen op de Fangeren ëmmer rëm opfält an natierlech och duerch seng Filmer hefteg Reaktiounen ausléist, hien dann dach wuel zu den talentéiertste Regisseuren a Geschichten-Erzieler vun eiser Zäit gëllt.

Seng Filmer iwwerzeegen, virun allem duerch seng héich Qualitéit, de Leeschtunge vun de Schauspiller an dem andauernde Wëllen, d’Grenze vum Film wëllen z’erweideren.

Wéi gutt kenns du dech mam Lars von Trier a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten. Eng falsch Fro, an et geet nees vu vir un!

RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: De Gaspar Noé a säi “Cinéma du corps”
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: David Cronenberg - De Mann fir d’Schock-Momenter
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Dem Yorgos Lanthimos seng Welt vu Léift a Leed

Back to Top
CIM LOGO