
Déi gebierteg Rumänin ass zu Lëtzebuerg opgewuess, ma huet hire schoulesche Parcours zu London ofgeschloss. Si schreift hir Wierker dacks op Englesch fir de Kino, Theater souwéi fir Televisioun. Hir Theaterstécker ginn a Lëtzebuerg, Däitschland, Litauen an England opgefouert.
D’Abtei Neimënster encadréiert zanter 2004 ronn 10.000 professionell Artisten an hirer kënschtlerescher Kreatioun an Recherche, dorënner Auteuren, Museker a Kënschtler. An deenen 560 Quadratmeter Wunnraum souwéi an den Ateliere kann vun elo un d’Larisa Faber hir kreativ Projeten ausschaffen a weiderentwéckelen.

2021 hat d’Larisa Faber schonn eng Residenz an der Abtei Neimënster, deemools ass hiert Stéck stark bollock naked entstanen a gouf och doropshin dem Publikum gewisen. An deem Projet thematiséiert si op eng humorvoll Manéier de sozialen Drock vun der Fra an hirer biologescher Auer. Dëst gouf als éischt lëtzebuergescht Stéck fir den Artists’ Choice Award fir den VAULT Festival London an den Edinburgh Fringe 2023, ënnerstëtzt vum Kultur | lx – Arts Council Luxembourg, nominéiert.
Ofgesinn dovun huet déi renomméiert Artistin de Kaunas City Theatre Award mam Stéck Good Girls kritt. Si zielt och als eng vun deenen fënnef passionéiertste weiblechen Dramaturgisten ënner 35 Joer am Bühne Magazin. Mam Stéck If We Smarten Up huet si och eng sëlleg Präisser gewonnen.