Kuckt Iech de Video un!Nei Versioun vum Tali sengem Lidd "Fighter" lo offiziell eraus

Sandy Schmit
No senger Victoire beim Luxembourg Song Contest gëtt et lo geschwënn eescht fir d'Tali. Gläich geet et op Malmö.

An deem Kader ass dann eng definitiv a fuschnei Versioun vum Lidd “Fighter” erauskomm, déi ee sech vun elo un offiziell unhéieren an och ukucke kann.

TALI - Fighter (Eurovision version)
Official Music Clip

De kreative Kapp hannert dem Clip ass den 21 Joer jonken, ganz talentéierte Jonathan Steuer. De franséische Realisateur a Metteur en scène huet eng ganz speziell Aart fir Museksclippen ze kreéieren a vermëscht dofir souwuel Elementer aus Film, Spektakel, Fotographie wéi och Theater.

De Choreograph ass den Huaskar Alcon, dee schonn zesumme mat Stare wéi dem Jennifer Lopez a BTS, eng vun de gréisste koreanesche Bands op der Welt, zesummegeschafft huet.
De Shooting, bei deem ronn 20 Leit involvéiert waren, war an engem Dag an der Këscht. De ganze Prozess, vun der Iddi bis zum Dréi, huet gutt zwou Woche gebraucht.

Eng Bréck, e Piano, d’Tali a ganz vill Emotiounen.

Back to Top
CIM LOGO