De Kënschtler, dee sech selwer als Expressionist bezeechent, ass bekannt fir seng faarweg Molereien a Skulpturen.
An der Galerie “Fellner Contemporary” an der Stad, kann een den Ament ganz nei Wierker vum Kënschtler entdecken.
Mënschen, Blummen, Zeenen aus dem Alldag – de Moritz Ney ass net just sengem Stil, ma och senge Motiver iwwer all déi Joren trei bliwwen. An awer entsteet ëmmer erëm eppes ganz Neies. 2022 huet de Lëtzebuerger Moler a Sculpteur eng Hellewull nei Wierker kreéiert, déi den Hans Fellner elo a senger Galerie an der Stad präsentéiert. Sou zum Beispill eng ganz nei nostalgesch Biller-Serie zum Thema Schueberfouer.
Nieft dëser Serie an enger ganzer Partie Skulpturen, déi de Moritz Ney aus deene verschiddenste Matièren zesummegesat huet, ginn et awer och eng ganz Rëtsch Molereie vu Blummen ze entdecken. Och haut nach, mat 75 Joer, léisst de Kënschtler sech beim Kreéiere vu sengem Instinkt a sengen Emotioune leeden.
Déi vill nei Wierker weisen dem Visiteur och, wéi dem Moritz Ney seng Konscht mat der Zäit evoluéiert huet.
D’Expo “New Works” leeft nach bis den 11. Mäerz.