Massive Verkaf vu VinylsplackenNeie Billie-Eilish-Album klëmmt no 1. Woch un d'Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
73.000 Vinylsplacke vu sengem neien Album "Happier Than Ever" goufen an enger Woch verkaaft, dat zweetbeschte Resultat zënter op d'mannst 1991.
© Matt Winkelmeyer / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Am Ganzen huet d’Sängerin 238.000 Unitéite vu sengem neien Album verkaaft, dovunner 153.000 sougenannten traditionell Verkeef. Vun den 153.000 traditionelle Verkeef gouf den Album 129.000 Mol physesch verkaaft, dovunner 73.000 Vinylsplacken, 46.000 CDen an 10.000 Kassetten. 24.000 Mol gouf den Album digital erofgelueden, esou Billboard.

Wéi d’New York Times mellt, géif den Album bei de Vinyl-Verkeef op d’Plaz 2 kommen, dat gekuckt op déi lescht 30 Joer. Virun 1991 huet Billboard keng genee Chiffere bei de Verkeef vu Vinyl. Op der Plaz 1 steet iwwregens den Album Evermore vum Taylor Swift, deen Ufank dës Joers erauskomm ass. Dësen Album gouf 102.000 Mol an der 1. Woch verkaaft. Ma hei konnt een den Album awer 6 Méint virdru virbestellen, beim Billie Eilish sengem neien Album sinn et just 3 Méint.

Vum Eilish sengem Album ginn et dann am ganzen 8 Varianten am Vinyl, beim Album Evermore “just” 3.

Back to Top
CIM LOGO