Dofir huet d’Gemeng vu Beetebuerg sech iwwerluecht, de Passage ënnert der Gare méi schéin ze gestalten. An deem Kader hu si sech Hëllef vum Kënschtlerduo The Sanctobin Brothers geholl. Dëst ass schonn deen zweeten Deel vun den Aarbechten, fir de Passage visuell opzewäerten. Lescht Joer hate schonns eng Partie Kënschtler fir Faarf un de Mauere bannen am Passage gesuergt.
Déi zwee Bridder si passionéiert Graffiti-Kënschtler a maachen dëst och scho jorelaang nieft hirer Aarbecht am edukative Beräich. Wärend der Ouschtervakanz hu si zesumme mat e puer anere Leit, déi gehollef hunn, déi insgesamt dräi Entréeën a Sortië mat Graffiti besprayt.
Graffiti ass zu Beetebuerg awer näischt Neies. Scho virdru konnt een nawell eng Partie faarweg Maueren hei fannen. Och an d’Zukunft wëll d’Gemeng weider Graffiti-Projeten ënnerstëtzen, wann déi concernéiert Persounen averstane sinn.