Wann Uergelspille Kult gëtt Neie Star an der Uergelzeen Anna Lapwood zu Diddeleng an der Kierch

RTL Lëtzebuerg
Wa jonk Museker Millioune Follower hunn, da verwonnert dat een net. Wann eng jonk Uergelspillerin souvill jonk Follower huet, dann däerf ee sech froen, wéi dat méiglech ass.
Neie Star an der Uergelzeen Anna Lapwood
Deen neie Star an der Uergelzeen war zu Diddeleng an der Kierch fir e Concert a schwäermt vum Instrument, dat si hei huet kënne spillen.

Deen neie Star an der Uergelzeen war zu Diddeleng an der Kierch fir e Concert. De Régis Thill war fir eis an der Prouf an huet mam Anna Lapwood geschwat.

6.000 begeeschtert Nolauschterer waren am Royal Albert Hall zu London, fir d’Anna Lapwood an hiert Instrument Uergel an Aktioun ze gesinn. A mir schwätzen hei vu 6.000 jonken Nolauschterer wuelgemierkt, Millioune Follower op Tiktok a Youtube a Concerten an der ganzer Welt. Déi 29 Joer jonk Englännerin Anna Lapwood huet eppes fäerdegbruecht, wat onméiglech geschéngt huet: dat ursprénglecht Kiercheninstrument Uergel Jugendlechen a jonken Erwuessenen nozebréngen.

An hire Concerten kritt een e Mix-Programm gebueden: nieft Filmmusek vum Hans Zimmer zum Beispill, ass och Plaz fir déi klassesch Komponiste wéi de Bach.

Déi Diddelenger Uergel an der Parkierch ass iwwregens weltbekannt an de Fachkreesser an och d’Anna Lapwood schwäermt vum Instrument. Dës Uergel ze spillen, fillt sech u wéi fléien.

Back to Top
CIM LOGO