
Dat gréngt Wierk op enger wäisser Fassad hannert engem eidele Bam an der Hornsey Road am Quartier Islington gëtt engem d’Gefill, wéi wann de Bam Blieder hätt, deemno aus wéi engem Bléckwénkel ee kuckt. D’Bild vum mysteriéise Streetart-Kënschtler war virun e puer Deeg opgetaucht. Op Instagram hat de Banksy sech e Méindeg mat Fotoen zum Wierk bekannt.
Ma lo gouf et mat wäisser Faarf op e puer Deeler iwwermoolt. D’Hannergrënn sinn nach onkloer. D’Grondstéck ëm de Bam an d’Fassad vum Haus ass elo och ofgespaart ginn vun de Responsabele vun der Stad. Och Kamerae goufen installéiert.
Et ass net déi éischte Kéier, dass kuerz no der Verëffentlechung an e Konschtwierk vum Banksy agegraff gëtt. Kuerz no Chrëschtdag haten zwee Männer zu London e Stoppschëld geklaut, op dat de Kënschtler dräi Drone gemoolt hat.