2015 hat de Wincent Weiss seng éischt Single “Regenbogen” erausbruecht. 2016 ass him mat der Single “Musik sein” dee groussen Duerchbroch gelongen. Zanterhier ass hien aus der däitscher Musekslandschaft net méi ewechzedenken a spillt mat senger Band een ausverkaafte Concert nom aneren.
De Weekend stoung dee mëttlerweil 31 Joer ale Museker am Kader vum Echterlive Festival zu Iechternach op der Bün.
Mir haten hie virum Concert interviewt an ënner anerem gefrot, wéi et ass an engem méi klenge Kader wéi dem Echterlive op der Bün ze stoen, amplaz a risegen Arenaen. Mir wollten awer och wëssen, wéi de bekannte Museker no engem Optrëtt am léifsten an am beschten entspaant.
Echterlive Festival : 3.400 Leit feieren däitsche Sänger Wincent Weiss op der 6. Editioun