Am IwwerbléckNominatioune fir den Theater- an Danzpräis 2023 si bekannt
Den 22. September 2023 ass déi zweet Editioun vun de Lëtzebuerger Theaterpräisser an dem Lëtzebuerger Danzpräis.
D’Iwwerreechung vun de Präisser ass dëst Joer am Escher Theater. Et ass eng Kollaboratioun tëschent dem Ministère de la Culture, der Theater Federatioun, dem Trois-CL an dem Assitej Luxembourg. Dräi verschidde Jurye verdeelen d’Präisser. D’Jurye si vun der Kulturministesch zesumme gestallt ginn.
Beim Theaterpräis ginn et zwou ganz néi Kategorien, déi vum beschten Theaterstéck an déi vun der beschte Performance op der Bün an am Schauspill. Mat dobäi awer och nees den Theaterpräis fir dat beschte Konzept, Text a Regie op der Bün. An e Präis fir Hannert der Bün, fir d’Kostümer, de Maquillage, d’Luucht, d’Musek, Dramaturgie souwéi d’Zeenographie.
Vergiessen däerf een awer och net den Theaterpräis fir d’Nowuesstalent. Am ganzen gi ronn 140 Produktiounen aus deene leschten zwee Joer consideréiert fir déi respektiv Präisser.
Ganz nei mat dobäi ass de Kanner- a Jugendtheaterpräis. Dës éischt Editioun ass organiséiert vum Assitej Luxembourg. Gefrot ass en liewegen, qualitative a koherente Spektakel fir e Public ënner 18 Joer. Esou wei bei den Theaterpräisser sinn och hei d’Nominatiounen scho public gemaach ginn.
Beim nationalen Theaterpräis bleift et awer nach spannend well d’Nominatioune bis ewell nach net eraus sinn. Déi ginn eréischt den Owend selwer, den 22. September publizéiert. Hei gëtt e Liewenswierk mat theatraleschen Engagement ausgezeechent.
De Lëtzebuerger Danzpräis gëtt et schonn zanter 2011 all zwee Joer. Hei zielt et, wie sech op d’mannst an deene leschte fënnef Joer an der Danzzeen behaapt huet an op nationalem Plang Unerkennung huet. Wien déi sechst Editioun net verpasse wëll, ka sech vun Ufanks September un eng Plaz reservéieren.
Theaterpräis – Bescht Stéck
- «Juste la fin du monde», Realisatrice: Myriam Muller (Théâtre du Centaure, Kinneksbond Mamer)
- «Let Me Die Before I Wake», Realisateur : Renelde Pierlot (Théâtres de la Ville de Luxembourg, United Instruments of Lucilin)
- «Leurs enfants après eux», vum Nicolas Mathieu, Realisateuren : Bach-Lan Lê-Bà Thi, Carole Lorang, Eric Petitjean (Escher Theater, Esch2022 – Capitale européenne de la culture, Théâtre de la Manufacture, CDN Nancy Lorraine)
- «Lovefool», Realisateur Gintare Parulyte (TNL)
- «Stark Bollock Naked», Realisatrice : Larissa Faber (anonyma ASBL, neimënster)
Theaterpräis - Op der Bün – Schauspill
- Joël Delsaut, mam Stéck : «Leurs Enfants après eux»(de Nicolas Mathieu; mise en scène; Bach-Lan Lê-Bà Thi, Carole Lorang, Eric Petitjean; production: Escher Theater)
- André Jung, mam Stéck «Verrückt nach Trost» (mise en scène: Thorsten Lensing; production: Théâtres de la Ville de Luxembourg, Salzburger Festspiele, Sophiensaele, Kampnagel Internationale Kulturfabrik GmbH, Thater Chur, Asphalt Festival, Künstlerhaus Mousonturm Frankfurt)
- Nora Koenig, mam Stéck : «Was ihr wollt» (de William Shakespeare; mise en scène: Frank Hoffmann; production TNL, Theater Trier)
- Rosalie Maes, mam Stéck : «Die Laborantin» (d’Ella Road; mise en scène: Fábio Godinho; production: Théâtres de la Ville de Luxembourg, Staatstheater Mainz)
- Brigitte Urhausen, mam Stéck : «Madame Köpenick» (de Guy Helminger; mise en scène: Kay Wuschek; production: Kasemattentheater)
Theaterpräis - Op der Bün – Konzept, Text a Regie
- Ian De Toffoli fir den Text vun «Confini» (TNL, Fondazione Luzzati - Teatro della Tosse, Ravenna Festival, ErosAntEros – Polis Teatro Festival)
- Larisa Faber fir den Text an d’ Realisatioun vun «Papercut» (Mierscher Kulturhaus)
- Guy Helminger fir den texte de «Madame Köpenick“ (Kasemattentheater)
- Elsa Rauchs an Claire Wagener fir d’ Concept an Realisatioun vun « Doheem » – Fragments d’intimité (ILL)
- Anne Simon fir d’ Realisatioun “Schwester“ vum (Kasemattentheater)
Theaterpräis - Hannert der Bün
- Antoine Colla fir seng Arbescht mat der Luucht (Théâtre du Centaure)
- Jorge De Moura fir den Toun am Stéck «En Quête» (Trifolion)
- Dan Kolber an Thierry Mousset fir d’ Dramaturgie am Stéck « Verrückt nach Trost» (Théâtres de la Ville de Luxembourg, Salzburger Festspiele, Sophiensaele, Kampnagel Internationale Kulturfabrik GmbH, Theater Chur, Asphalt Festival, Künstlerhaus Mousonturm Frankfurt)
- Marie-Luce Theis fir d’Szeongrafie vum Stéck «The Writer» (Théâtres de la Ville de Luxembourg)
- Peggy Wurth fir d’ Konstümer vum Stéck «Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern» (Théâtres de la Ville de Luxembourg, Staatstheater Saarbrücken, Queen Elisabeth Music Chapel, Opéra des Flandres).
Theaterpräis – Nowuesstalent
- Max Gindorff fir seng Interpretatioun an «Falsche Sonne» (TNL)
- Magaly Teixeira fir seng Interpretatioun an «The Censor» (Kinneksbond, Théâtres de la Ville de Luxembourg)
- Mahlia Theismann als Realisatriche vun «Under the Sun/Ënnert der Sonn» (TNL)
- Timo Wagner fir seng Interpretatioun am «Songe d’une Nuit…» (Théâtres de la Ville de Luxembourg)
- Nora Zrika fir seng Interpretatioun an «Gipfelstürmer» (Kasemattentheater)
Kanner- a Jugendtheaterpräis
- «Zongen Zodi», Erzielkonscht ASBL an Escher Theater
- «GO!», Artezia ASBL et Corps in situ a Koproduction mam Escher Theater, Rotondes, Cité Musicale (Metz)
- «Wellbeing - Mental Noise», Rotondes a Koproduction mam ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et la Jeunesse (MENEJ)
- «La petite fille de la mer/Dat klengt Meedchen aus dem Mier», Escher Theater a Koproduction mam Compagnie du Grand Boube et CAPE
- «KopLaachbus», Kopla bunz ASBL
Weider Detailer fënnt een ënner follgendem Link: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2023/07-juillet/12-letzebuerger-theater-danzprais.html