Op der KinnekswissOfschlossconcert vum Orchestre philharmonique du Luxembourg

RTL Lëtzebuerg
Traditionell schléisst d'Philharmonie d'Saison mat engem Concert vum OPL op der Kinnekswiss of.
Ofschlossconcert vum Orchestre philharmonique du Luxembourg
De Schloreen am Nomëtteg hat d’Leit net dru gehënnert, op d’ Kinnekswiss ze kommen. Un der Qualitéit vun der Musek huet d’Wieder näischt geännert.

De Schloreen am Nomëtteg hat d’Leit e Samschdeg net dru gehënnert, sech op der Kinnekswiss zesummen ze fannen. Un der Qualitéit vun der Musek huet d’Wieder näischt geännert. D’Starpianistin Yuja Wang konnt mam Rachmaninoff senger Rhapsodie iwwert en Thema vum Paganini beandrocken.

D’Museker vum OPL hunn d’Erausfuerderung gemeeschtert, hir Instrumenter der Temperatur an der Fiichtegkeet unzepassen, an d’Uspréch bei der Interpretatioun héichgehalen.

An der Philharmonie selwer huet een déi Problemer jo net an trotzdeem ass deen een oder aneren Challenge ze meeschteren. Wéi eng dat sinn, erkläert den Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO