Abtei Neimünster"On Rape", eng Ausenanersetzung mam Thema Vergewaltegung

RTL Lëtzebuerg
All véiert Fra zu Lëtzebuerg huet am Laf vun hirem Liewen eng Form vu sexueller Gewalt erlieft. Eng Realitéit, déi d'Ausstellung "On Rape" retracéiert.
Expo On Rape
Eng Ausenanersetzung mam Thema Vergewaltegung.

Déi spuenesch Kënschtlerin Laia Abril setzt sech zanter 2019 mat der Geschicht vun der Misogyny, der Fraefeindlechkeet ausenaner. No de Feminciden, der Menstruatioun an der Ofdreiwung presentéiert sinn am Kader vun der Ausstellung «On Rape» an der Abtei Neimënster hir Ausenanersetzung mam Thema Vergewaltegung. D’Fotografin huet dobäi keng Portraiten oder Kierperen duergestallt mee Objeten.

Eng Approche, déi de Fanger op kulturell a sozial Discourse riicht an esou op d’Origine vu sexueller Gewalt ageet, statt Iwwerliewender weider ze victimiséieren. Eng Victimisatioun, déi, esou d’Kënschtlerin, dacks vum eigentleche Problem oflenkt.

Virwarnung un de Publik. Elementer aus der Ausstellung kéinten Affer vu sexueller Gewalt heurtéieren. Dorëms réit d’Abtei dem Public sech via hire Internetsäit oder där vun der Kënschtlerin en éischt Bild vun der Ausstellung ze maachen. D’Ausstellung riicht sech un e Publik ab 16 Joer. Persounen, déi mat sexueller Gewalt konfrontéiert oder Zeien dovunner sinn, kënne sech bei der Helpline ënnert der Telefonsnummer 2060 1060 oder bei der Police ënnert dem 113 mellen, oder d’Internetsäit violence.lu opruffen.

Back to Top
CIM LOGO