An dofir huet d’Patricia mat hirem Mann zu Berlin och en eegenen Tounstudio opgemaach. An zënter deem hu scho vill Bands hir Songs hei opgeholl. D’Patricia ass glécklech an der däitscher Haaptstad, ma bedauert och, dass de Wee op Lëtzebuerg sou wäit ass, well un hirer aler Heemecht hänkt d’Kënschtlerin och haut nach ëmmer. D’Mady Lutgen huet d’Patricia zu Berlin am Tounstudio besicht a war och mat him op eng vun hire Liblingsplazen - dem Tempelhofer Feld. Do, wou fréier Fliger gelant sinn, kann ee sech lo vum Haaptstad-Stress erhuelen.