ÉimaischenPéckvillercher verkafen, fir der Ukrain ze hëllefen

Philippe Dondelinger
E Méinden ass d'Éimaischen an der Stad. Da schléit nees bei verschiddene Péckvillercher-Sammler d’Häerz méi héich.
Péckvillercher verkafen, fir der Ukrain ze hëllefen
E Méinden ass d’Éimaischen an der Stad. Da schléit nees bei verschiddene Péckvillercher-Sammler d’Häerz méi héich.

Déi, déi se sammelen, freeë sech dann ëmmer op nei Exemplaren. A wann een da mam Kaf vun engem Péckvillchen och nach domadder den Affer an der Ukrain hëlleft, huet een net nëmmen e schéine Péckvillchen, mee och nach eppes Guddes gemaach.

Am Maryse Linster hirem Atelier lafen den Ament déi lescht Preparatioune fir d’Éimaischen e Méindeg. Dëst Joer soll den Erléis awer fir e gudden Zweck sinn. D’Maryse wollt onbedéngt deenen hëllefen, déi den Ament och am meeschten Hëllef brauchen a spent herno d’Suen un déi ukrainesch Associatioun hei zu Lëtzebuerg, mat der Prezisioun, dass se net fir Waffe gebraucht ginn.

Ëmmer nees iwwerrascht d’Maryse ee mat hiren aussergewéinlechen Iddien, och scho viru ville Joren, wou lues a lues eng Gambia-Péckvillercher-Serie entstanen ass. Du gouf et e Péckvillchen a Form vum Ketty Thull.

Dëst Joer sinn dann och nei Péckvillercher vum Maryse entworf ginn, villes an hirer Konscht als Keramikerin ass schwaarz a wäiss, esou dann och en Deel vun dëser Editioun. 2 Villercher sinn dann an der Koppel ze kréien, een am schwaarzen an een am wäissen. Donieft gëtt et awer och nach e Péckvillchen a Form vun enger Friddensdauf.

D’Maryse wëll dëst Joer e Maximum u Villercher verkafen, well wann ee scho spent, da soll et och eng uerdentlech Zomm sinn.

De Méindeg, den 18. Abrëll, ass et esou wäit, dann ass d’Éimaischen an da weist sech och, ob et sech gelount huet fir d’Maryse an natierlech och fir eis ukrainesch Frënn.

PDF: 193. Editioun vun der Éimaischen an der Stad - Affiche

Back to Top
CIM LOGO