Usina23Peter Fox an Interpol trieden als Headliner zu Diddeleng op

RTL Lëtzebuerg
Peter Fox an Interpol – dat sinn déi grouss Headliner vum Usina23 Festival zu Diddeleng.

No der éischter Editioun zejoert am Kader vun der Kulturhaaptstad wier et eng Evidenz gewiescht, datt et net dobäi sollt bleiwen. Dat huet den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana e Mëttwoch de Moien op der Presentatioun vun der zweeter Editioun betount:

Do waren den éischten Dag 8.5000 Visiteuren hei an den zweeten 4.500. Dat ass fir de Site NeiSchmelz nei gewiescht, well souguer an der industrieller Zäit hunn do net souvill Leit geschafft. Mir hunn et fäerdeg bruecht, op deem flotte Site, e flotte Festival ze organiséieren, an dat dann och dëst Joer.”

De Festival, deen vun opderSchmelz, dem Atelier an dem Gudde Wellen organiséiert gëtt wäert den 3. a 4. Juni sinn. Aner Bands, déi wäerten optrieden, sinn zum Beispill De Läb & Nicool, Lime Garden oder och nach Blond.

E Mëttwoch gouf allerdéngs just e Brochdeel vum Line-Up annoncéiert. An den nächste Méint wäert de Programm vum Festival nach completéiert ginn.

En Donneschdeg kuerz viru 16 Auer héiert Dir méi iwwert déi zweet Editioun am Programm um RTL Radio.

www.usina.lu

Back to Top
CIM LOGO