Vill Nouvellen dobäiPopstar P!NK schwätzt iwwer neien Album "Trustfall"

RTL Lëtzebuerg
De Stephen Lowe vum Today Radio hat d'Chance iwwer d'Plattefirma RCA dem P!NK eng Partie Froen iwwert d'Produktioun vun hirem neien Album ze stellen.
© Mike Coppola / Getty Images via AFP

Virun allem goung iwwer den neien Album “Trustfall” a wéi d’Popstar och haut nach ëmmer Musek mécht.

Besonnesch um Album “Trustfall” ass, virun allem datt d’Sängerin sech mol eng Kéier konnt Zäit loossen an net huet misse wärend hiren Touren duerch d’Welt ëmmer rëm am Studio nei Lidder ophuelen. Den Album ass nämlech wärend der Pandemie entstanen. Esou handele vill Lidder och ëm Ängschten, déi wärend där besonnescher Zäit opkoumen.

Donieft ginn et op den Albume vun der Kënschtlerin meeschtens eng Säit fir Balladen an eng Säit fir méi glécklech Lidder, op déi een danze kann. Dës Kéier goufen d’Lidder awer queesch duerch de Gaart gemëscht.

No all deene Joren, an deenen d’P!NK scho Musek mécht, freet sech d’Sängerin heiansdo emol, ob et nach eppes gëtt, iwwer dat si sange kéint. Ma soubal d’Popstar bis ufänkt mat sangen, géingen ëmmer nees nei Iddien opkommen.

De ganzen Interview mam P!NK kënnt Dir op RTL Today oder RTL Play lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO